Galaconcert an Éierung

Läschten Cäciliendag haat d'Hueschterter Musek zu enger Rees duerch Amerika gelueden. Ugefaangen huet d'Jugendmusek vun der Fanfare ënnert der Leedung vun hirem dynameschen Dirigent Rainier Radelet. Mam Frank Sinatra sengem "My Way", dem Ben E. King sengem "Stand by me" a Queen hirer "Bohemian Rhapsody" hunn si de Publikum op e flotten Owend agestëmmt. Matt Stécker vu Broadway-Legende wéi dem George Gershwin, dem Glenn Miller oder dem Filmkomponist John Williams huet d'Hueschterter Musek dann de Publikum op den Héichpunkt vum Owend vierbereet. Mam "Benny Goodman : The King of Swing", mam Jean-Luc Blasius als Solo-Klarinettist, haat de Chef Claude Hoffmann den Nerv vun den Nolauschterer genee getraff. Fir de Concert ofzeschléissen huet de Chef héchstperséinlech zur Trompett gegraff a matt enger 5-Mann starker Dixieland-Kombo, zesumme matt der ganzer Fanfare den Owend zum Ofschloss bruecht. An der Paus goufen och eng Parti Membere vun der Hueschterter Musek duerch de Vertrieder vun der UGDA, Romain Ries, geéiert : Fir 20 Joer Déngscht :Marc HOFFMANN, 30 Joer musizéieren d'Laurence Greiveldinger-Krier an d'Nathalie Schumacher. De René Pleimling an de Jean Stammet goufe fir 50 Joer ausgezeechent. De Präsident vun der Fanfare, Emile Wagner, kann op houfreg 60 Joer zréck kucken. Am Laf vum Owend huet den Dan Spogen matt senger sprëtzeger Art a Weis duerch de Programm gefouert. (J)