Konveniat vun Hueschtert (Joergäng 1938 - 1943)

Hueschtert: Viru kuerzem hu 15 fréier Schülerinnen a Schüler ( Joergäng

1938 - 1943 ) aus der aler Primärschoul vun Hueschtert sech getraff fir hire Konveniat ze feieren.

No enger séier interessanter Féierung duerch dat flott neit Kulturgebai " a Schommesch " beim Nidderaanwener Gemengenhaus,gouf vun de Gemengenautoritéiten den Aperitif offréiert.

Mëttes huet e Festmenü an der Osteria zu Nidderaanwen gewaart.

D'Schoul vu fréier an déi vun haut , d'Kannerzäit an den Nokrichsjoeren an déi modern Kannerzäit stungen um Gespéichsprogramm , a munnech Anekdot aus enger laang vergaangener Schoulzäit huet fir gutt Stëmmung gesuergt.

Leider ass d'Zäit vill ze séier verflunn!