100+2 Joerfeier vun de Rodanger/Rollenger Guiden a Scouten

Dei Rodanger a Rollenger Guiden a Scouten hun virun kuerzem hiiren 100Gebuertsdaag nogefeiert, desen ass weinst der Pandemie 2 Joër no hanne gereckelt gin. Esou dass mäer elo eis 102Järegt bestoen gefeiert hun.

Daat ganzt ass Freides an eisem Chalet an Präsenz vum Scoutsminister Claude Meisch, deen Numm huet hen sech selwer gin wéi hien eisen neien Chalet virun knapp 5Joer agewéit huet lassgaangen.

Desweideren waren den 1. an den 3. Schäffen aus der Gemeng Peiteng, dei Här Halsdorf Jean-Marie an Mertzig Romain präsent. Ennert den Eieregäscht wuaren nach puer Memberen aus dem Gemengerot, de Comissaire Générale vun de Lëtzebuerger Guiden an Scouten Weis Marc, Comissaire Générale adjointe Krier Angélique, den Här Dechen Reiners Jean-Pierre, den Här Paschtouer Gillen Romain an Vertrieder vun aneren Scoutsgruppen.

Am Kader vun desen Festiviteiten huet och eng kleng Ausstellung am Chalet statfonnt, mat villem Material zenter datt et dei Rodanger a Rollenger Guiden a Scouten gett. Flott Fotoen mat Erennerungen un dei vill Stonnen dei mäer zesummen am Scoutismus verbruecht hun an nach wäerten verbrengen.

No den verschiddenen Usprochen ass dun en Eierewäin servéiert gin, deen vun der Gemeng Péiteng gestëft gin ass. Doniewt hu mer nach Schnittecher an Rieslingspaschtéit an de Genuertsdaagskuch serveiert kritt. Merci der Gemeng Péiteng fir den Eierewäin deen si gestëft hun, dem Christophe Potier aus dem Chalet Langwiss um Péitenger Weier fir d´Schnittecher an der Bäckerei Scheer vu Peiteng fir deen Gudden Gebuertsdaagskuch.

Samschdes ass et dun mat eisem 3.Chaletsfest weidergaang. Dest huet ugefaang mat enger Mass op eiser Campplaatz wou all eis Aumonieren inviteiert wuaren. Musikalesch ass Mass vun eisem Miniorchester encadreiert gin. Merci deenen 4 Paschtéier an dem Miniorchester fir die flott Mass.

No der Mass ass et weider gaang mat engem Grillmenü deen mäer proposeiert hun. Fir Iessen an Gedrenks ass bei de Scouten emmer gudd gesuergt. Ab 14Auer wuar dun Spillwiss op, wou Kanner typesch Scoutsspiller ausprobeieren konnten. Eng Tombola haate mer och mat ville Gadgeten déi mäer vun verschiddenen Firma gesponsort kritt hun. Hei geet en decke Merci un Sudstroum, Creos, Lalux, BGL BNP Paribas, BCEE, Banque Raiffeisen an un d´Superdreckskëscht.

Sonndes haaten d´Léit dann nach d´Méiglechkeet eis Ausstellung kucken ze goen.

Merci all de Léit, déi do wuaren siew et fir eis eng Hand mat unzepaaken oder eben eppes z´íessen an ze drenken an eis esou eppes an eis Keess gin hun fir dass mäer als Chef Material kennen kaafen fir de Kanner de Scoutismus mei no kennen ze brengen esou wei de Grënner vun de Scouten den Lord Baden Powell eis daat virgeliewt huet resp. fir Aarbechten un eisem Chalet kennen ze maachen.

Mäer freen eis schon op äre Besuch op eischem Chaletsfest 2023.