FRIDDENSLIICHTFEIER 2018 ZU LËTZEBUERG

FRIDDENSLIICHTFEIER zu Rodange den 22 Dezember 2018

Vum 14-16 Dezember wuar eng 12 Léit Delegatioun vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten op Linz Friddensliicht sichen. Um 1Auer30 an der Nuecht ass Rees zu Käerjeng lass gaang, wou de Rodanger Gruppechef dobäi wuar. Eng zweet Delegatioun ass vu Gréiwemaacher aus fort gefuer. D’Friddensliichtfeier am Linzer Mariendoum wuar Samschtes de 15. Dezember am Nometten. Während dëser Feier bei däer eng ronn 1200 Guiden a Scouten deelgeholl hun, ass d’Liicht un déi verschidde Vertrieder vum Friddensliichtkand Niklas Lehner weider gereecht gin.

De Grupp Ste. Amalberge vu Rodange a Lamadelaine huet Friddensliichtfeier zu Rodange den 22. Dezember 2018 zesummen mat der EAR-Ekipp an mam Här Paschtouer Romain Richer (Aumônier vum Grupp Ste. Amalberge) zesummen organiseiert. Et sin vill Stonnen dropgaang fir daat ganzt z‘organiséieren. Des Feier wuar awer en Erfolleg esou dass déi Stonnen sech gelount hun.

Freides, den 21. Dezember hun sech zu Rodange och schon 12 Guiden a Scouten an Mataarbechter am Rodanger Scoutschalet „am Doihl“ getraff fir nach Preparatiounen ze maachen, fir den flotten Dâg deen Samschtes op eis gewuard huet. Vill Geméis huet missen geschielt an geschnidden gin fir eng Gudd Geméiszopp ze kachen. Dës ass et Samschtes no der Veillée an dem Fâkelzuch vun der Rodanger Kiirch bis an de Scoutschalet z’iesse gin.

Samschtes Moies um 10Auer00, huet de Rodanger Grupp an EAR-Ekipp sech getraff fir déi aller Läscht Virbereedungen. De Kinderpunch an de Glühwäin hun missen prepareiert gin. De Wee fir de Rallye mettes huet och nach missen gezeechent gin. Et wuar nach genuch ze din. Dun ass sech nach gestärkt gin, iert déi verschidde Scoutstruppen lues an lues ab 13Auer30 agetraff sin. Dorenner och eng gréisser Trupp vun der DPSG. Biber an Wëllef hun nach eng kleng Lanter gebastelt a sin dun op de Rallye gescheckt gin. Si haaten en Wee vun ongefeier 4km ze maachen fir zu Rodange am Centre Culturel unzekommen, wou se sech e bessen konnten opwiermen an en Téi zoubereed kritt hun. AvEx, CaraPio an RaRo hun sech och géint 14Auer op de Rallye gemaach mat enger Distanz vun 7km fir AvEx an 10km fir CaraPio an RaRo. Op all dësen Wëer sin ennerwee Posten gewiecht, wou sech vill mam Thema Fridden auserneen gesaat gin ass.

Um 17Auer 30 ass et dun an der Rodanger Kiirch weider gaang, wou eng Veillée stattfonnt huet, wou jiddereen Häerzlech Wellkomm wuar. Des Veillée ass vum Michèle Hilger an vum Här Paschtouer Romain Richer geleed gin. Musikalesch gouf se vun engem Gitarrsgrupp vun de Rodanger Guiden a Scouten verscheinert. Och en Organist huet do gehollef mat sengem Keyboard. Während der Veillée hun Biber am Wëllef en afrikaneschen Danz presenteiert, AvEx hun e puer Saachen erzielt waat si ennert Fridden verstin. CaraPio hun erzielt, wéi een iwert Nolauschteren zum Fridden kann bäidroen, en aner CaraPio Grupp huet erzielt wéi een de Fridden mat den Hänn kann verbreeden respektiv wéi een mat den Hänn zum Fridden kann bäidroen.

No der Veillée, ass Friddensliicht dun am Fâkelzuch vun der Kiirch an de Scoutschalet gedroen gin. Hei ass Friddensliicht no der Stärkung dun un déi eenzel Gruppen ausgedeelt gin.