2.Chaletsfest vun de Rodange-Lamadelainer Guiden a Scouten

Viru kuerzem hun dei Rodange-Lamadelainer Guiden a Scouten an Zesummenaarbecht mat der AARGS (Amicale vun den Aalen Rodanger Guiden a Scouten) an de Péitenger Guiden a Scouten hiirt 2. Chaletsfest organiseiert. Ugefaang huet daat Ganzt mat enger Mass op der Wiss beim Chalet am Doihl zu Rodange. Mäer haaten Chance mam Wieder, well geduscht goufe mäer net. No der Mass ass weider gefeiert gin. Fir Iessen a Gedrenks wuar beschtens gesuergt. Et gouf Gegrills, Fritten, Chili Con Carne an Eisekuch. Mëttes wuaren dann eng ganz Partie Spiller fir Kanner organiseiert. Et wuar och eng flott Tombola do. Et wuar e gelongenen Dâg, esou dass dei vill Aarbecht dei dohannert stung, sech gelount huet. Mäer frëen eis schon op dei 3.Editioun vun eisem Chaletsfest, wou eise Grupp säin Centenaire feieren wäert.