ADR Péiteng: eng propper Politik ouni Diskriminatioun!

PRESSECOMMUNIQUE (17. Juli 2012)

Péiteng: eng propper Politik ouni Diskriminatioun!

D'ADR-Sektioun Péiteng bedauert, datt se net an zwou wichtege Kommissioune vertrueden ass, an erënnert dorunner, datt d'Gemengereglementer ze uechten an ze respektéiere sinn.

Den 30. Januar 2012 gouf am Péitenger Gemengerot d’Nominatioun vu Kandidate fir zwou nei gegrënnte konsultativ Komissioune vum „Loyer“ an der „Integratioun“ gestëmmt.
Bei dëser eigentlech fairer Prozedur gouf d’ADR awer net schrëftlech informéiert an den Dag selwer virun e Fait accompli gesat. Domat huet si den Delai natierlech verpasst a konnt, och op méifache Bréifwiessel hin, keng nodréiglech Nominatioun méi erbäiféieren. D’Partei huet nämlech den 8. Februar an de 5. Juni dorops reagéiert an dës Problematik schlussendlech och den 18. Juni als Diskussioun an de Gemengerot bruecht.

D’ADR-Sektioun Péiteng ass verwonnert, datt an der Politik festgehale Prozeduren net méi zielen, wa gewosst ass, datt et do eng Partei gëtt, déi an hirer Politik méi kritesch der Integratiounsproblematik entgéintsteet oder fir méi sozial Wunnengspräiser kämpft. An engem demokratesche Staat ginn et keng novollzéibar Grënn, eng gewielte politesch Partei ze diskriminéieren oder vun der politescher Diskussiounskultur auszeschléissen !


Mir fuerderen dofir ganz kloer, datt:

> gewielte Parteie geméiss hirem Resultat an de Komissioune vertruede sinn,
> e politescht Gläichgewiicht besteet an domat eng representativ a politesch breet Transparenz an de Komissiounen,
> Parteie schrëftlech informéiert ginn, wa weider konsultativ Komissioune gegrënnt ginn.

Weiderhi gëllt et, d’Gemengereglementer ze uechten an ze respektéieren; si sinn d’Grondbasis vum Fonctionnement vun engem Gemengerot. Hei gëtt am Art. 8 vum „Règlement d’ordre intérieur“ ganz kloer definéiert, datt eng Komissioun bis zu 12 Vertrieder dierf hunn an all Partei representéiert muss sinn. Wisou ginn dës Komissiounen also vu sämtleche Parteien, ausgeholl vun eiser, besat an aus wéi enge Grënn sinn dës Komissiounen op 11 Leit beschränkt ?

Mat frëndleche Gréiss,

Joe Thein
ADR Gemengeconseiller zu Péiteng