Aus dem Gemengerot: ADR-Initiativ "Jugendhaus" !

Dir Dammen, Dir Hären,

Während der Budgetsdebatt vum Dezember 2011 hat d’ADR eng Punktelëscht mat Froen a Commentairen presentéiert, déi si un de Gemengen- a Schäfferot geriicht huet. Munch Froen konnten oder wollten net wierklech beäntwert ginn (Mir erënneren och un de Neen zum Gratis Waasser-Sockel, de Neen zur Ënnerstëtzung vun der Lëtzebuergescher Sprooch, de Neen zu Aarbechtsmesuren fir jonk Aarbechtsloser oder de Neen fir eng consultativ Déiereschutzkommissioun).


Eng vun de Froen gouf par Conter awer kloer beäntwert, an zwar déi vum Jugendhaus, ëm déi haut hei geet . Scho virun de Wahlen hu mir an onser lokaler Gemengenzeitung „De Pefferkär“ d’Jugendhaus an de Mëttelpunkt vun der Jugendpolitik no eisem Konzept gestallt. Ech wëll dofir nach eng Kéier zitéieren wat mir deemools am Gemengerot gefrot hunn:


Zitat - „An hirer Erklärung schwätzt de Schäfferot vun de Jugendhaiser vu Péiteng a Rodange. Mir als ADR wëllen de Gemengerot froen, ob si gedenkt och e Jugendhaus zu Rolleng ze realiséieren, deen de Rollenger Awunner géing gerecht ginn“.


Als Äntwert krute mir gesot, dass wa mir Iddien hätten, déi gären kéinten erareechen an da géing ee kucken an diskutéieren, mä et géing ee sech dem sécher net verschléissen. Elo stellt d’ADR awer no just zwee schrëftleche Schreiwese fest, datt CSV an LSAP alles anescht ewéi kooperativ sinn an hier Verspriechen schrëftlech méi séier änneren wéi se se mëndlech soen. Leider erlaabt mir d’Zäit net, fir alles ze zitéieren, wat do gefrot a gesot ginn ass. Alles awer ass no ze liesen, fir déijéineg, déi da wëllen.


Am éischte Schreiwes vum 13. Dezember 2011 hu mir dem Schäfferot proposéiert, fir dat aalt Paschtoueschhaus an der „Rue de L’église“ no Renovatioun a Konzept zum Jugendhaus ze maachen. Mir hunn ënnerstrach, datt dëse Projet der geklommener Awunnerzuel an der Attraktivitéit vu Rolleng géigeniwwer hire Nopëschdierf, déi jo och e Jugendhaus hunn, gerecht géing ginn. Mir wëllen och net, dat déi Rollenger Leit diskreditéiert ginn, just well se ebe Rollenger sinn.


Geäntwert gouf eis dunn den 13. Januar 2012, wisou och ëmmer mä abemol a franséischer Sprooch, wou ech besonnesch ee Saz vum drëtte Punkt zitéiere wëll, den dir gesot hutt, Zitat - „Le collège échévinal ne sera jamais d’accord pour faire des concessions en cette matière“.


Well d’ADR net just de Wieler am Bierger gesäit, a weiderhin eng Lobby och fir d’Jugend wëll sinn, hu mir op dësen, net grad jugenfrëndleche Bréif, selbstverständlech de 17. Januar 2012 nach eng Kéier a länger Form geäntwert, dëst mat Referenz och op déi finanziell an gesetzlech Conditiounen. E bëssen erënnert huet et eis un dem Salvador Dali säi Motto „Das größte Übel der heutigen Jugend besteht darin, dass man nicht mehr dazugehört“

Wéi mir dunn awer den 10. Februar 2012 eng Äntwert kruten, déi alles anescht ewéi konform zum Gemengereglement war, war eis kloer, dass dëse Punkt op den Ordre du Jour muss kommen. Mir froen dowéinst eng lieweg Diskussioun an e klore Vote vun de vertruedene Parteien.


D’ADR seet jiddwer Conseiller Merci, dee JO zu dësem Projet seet an dee mat sengem JO och zu eiser Jugend bekennt.

Umierkung vum Auteur:
D'Motioun gouf, bis op d'Stëmm vun der ADR, verworf. D'ADR hofft, dat d'Jugend sech dat verhält wann se wiele geet !

Joe THEIN
Gemengeconseiller