Schülerprotest im LTMA

Haut op Kleeserchersdag, huet géinter Muërend 10.00 Auer, eng Protestaktioun stattfonnt. Am Virfeld huet de Schülerkomitee zu engem Streik opgeruff, fir dat neit Schoulreglement wat dëst Joer a Kraaft getrueden ass ze boykottéieren, wat virgesäit, datt all d'Schüler an der Moiespaus musse virun d'Dier, dat och am Wanter bei Minusgraden.

Am Numm fir d'ADR Péiteng, huet de Gemengeconseiller Joe Thein, haut der Press an engem Communiqué matgedeelt, datt si sech solidaresch mat dësem Schülerprotest weist. D'ADR verdeedegt an dëser Stellungnahm d'Interêten vun de Schüler a betount d'Richtegkeet vun hirer Aktioun, fir vun hirem Streikrecht Gebrauch ze maachen, an sech géint déi sënnlos politesch Entscheedungen ze wieren.

Mat deene beschte Gréiss,

Joe Thein
ADR - Péitenger Gemengeconseiller