Réiden/Atert: Am Ofstand vun jeweils drëi Méint, ass et och am Home pour personnes agées Saint- François zu Réiden, di schéin Traditioun fir hir Jubilaren zum Gebuertsdag ze feieren. Am Kader vun enger grousser Gebuertsdagsfeier, den 29. Juni konnten all di 38 Matbewunner vun de Méint Mäerz, Abrëll a Mee, d’Gratulatiounen am Numm vun der Direktioun mam ganzen Pflegepersonal vun der Sr. Benedikta, dem Françoise Erpelding a Mike Heintz entgéint huelen. Di schéin Rousen an de klenge Kado déi vun de Leit vum Grupp „R“ iwerreecht gi sin, huet de Jubilaren och vill Freed gemeet. Fir den musikalischen Encadrement huet den Entertainer „Haemelmaus „de ganzen Nommettëg och bäschtens gesuergt. Bei engem Glas Crémant, engem gut gefëlltem Teller, Kaffi a Kuch huet dess schéi Feier, verbonnen mat flotter Danzmusik zesummen mat der Famill hiren würdigen Ofschloss fond. D’Jubilaren vum Mount Mäerz: Marie- Louise Gloesener- Jacqué (80 Joer), Arthur Pletschette (92), Lucienne Schneider- Genin (93), Christiane Decarniere- Uyttendaele (84), Alphonse Schroeder (86), Yvonne Graf- Mossong (93), Lydia Struck-Krieps (70), Nicolas Collard (85), Denise Goedert- Knops(90), Irma Krieps- Olsem (95), Anne Schweitzer-Aust (86), Laure Weber- Schrantz (79) an Léonie Fey- Hommel (87). Mount Abrëll: Marie- Blanche Becker- Thilmany (98), Virginie Rodesch- Schreiber (96), Marguerite Reding- Zieser (93), Aline Bach- Philippe (87), Marie- Thérèse Diederich- Wolff (93), Jean Colbach (87), Gisèle Juchem- Quinet(83), Marie Wilmes (77), Yvonne Thoma- Jeitz (91), Marie- Madeleine Fasbinder- Nilles (93) an André Reimen (77). Mount Mee: Margot Majeurs-Philipp (84), René Wolter (85), Nicole Suchomel-Neuhengen (88), Cécile Collard- Reuter (83), Félicie Zacharias-Conrardy (87), Raymonde Wanderscheid- Belche (86), Marco Gehlhausen (67), Susan Nerantzis- Gibson (82), Anne Flammang- Nilles (95), Georgette Gratia- Wagner (92), Lucie Hoffmann (98), Joseph Bredimus (76), Josée Schleich- Gloesener (88) an Jacquline Karger- Weis (87). (CR (Foto: Charles Reiser)