Josette Kohnen- Kremer mat 85 nach fit

Réiden/Atert: Mat 85 Joer nach fit ze sin, dat Gléck hat d’Josette Kohnen- Kremer vu Réiden/Atert neilich, wou de ronne Gebuertsdag konnt doheem gefeiert gin. D’Josette Kremer war dat jëngst vun zwee Kanner, dat den 4.Mee 1938 zu Lëtzebuerg op d’Welt komm ass. Seng Elteren waren de Jos Kremer an d'Berthe Hoeltgen. D'Jugendzäit huet d’Josette zu Närden verbruecht. Den 20. Oktober 1961 ass Hochzäit gefeiert gin, mam Ferd Kohnen vu Réiden/Atert, den de Beruf vum Elektriker geléiert hat. Och an hirem Geschäft zu Réiden, wou eng grouss Auswiel vun Elekro- Material ze fanne war, huet d’Josette niewt sengem Haushalt och vill Klienten hei bedingt. Aus hirem Bestiednis sin zwou Duechteren an e Jong erviergaangen. Fënnef Enkelkanner gehéieren haut zur Famill Kohnen- Kremer. Leider ass hire Mann Ferd vill ze fréih den 15. August 1996 verstuerwen. Och ass senger Fräizäit war Geburtsdagskand ëmmer ganz aktiv am lokalen Veräinsliewen engagéiert. 20 Joer laang stong hat als Presidentin un der Spëtzt vun der Gaard an Heem Sektioun- Réiden/Atert a war och nach Vizepräsidentin wärend eng Reih vu Joeren bei der Vereenegung fir Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung, Op der Schock. Zesummen mat de Memberen vum Gemengerot, Monique Kuffer, Jeff Muller an Charel Welter huet de Schëffen Luc Pauly dem Josette Kohnen- Kremer am Numm vun der Gemeng Réiden/Atert zum Geburtsdag gratuléiert a fir Zukunft weiderhin nach vill zefridden Joeren bei gudder Gesondheet gewënscht. Duerno ass zesummen mat der Famill d’Glas erhuewe gin an op di 85 Joer vun der Jubilarin geprost gin. (CR (Foto: Charles Reiser)