Réiden/Atert: Dem Opruf an der Mobilitéitswochen zesummen mat denen 9 Gemengen aus dem Kanton Réiden/Atert mat ze machen, waren dese Sonnden, den 10. September ganz vill Vëlosferventen, dorënner eng Reih Jugendlicher, beim Start virum Gemengenhaus, och nokomm. Verbonnen mat engem oprichtigen Merci fir d’Matmaachen huet d’Koordinatorin Caroline Schmit jiderrengem di zwéin erausgesichten Vëlotier vun 11 resp 15 Kilomete erklärt, déi vu Réiden aus iwer Lannen, Nojem an zerëck fir all Typ vu Vëlo an och fir Grouss a Kleng bäschtens geeegent sin. Natirlich huet de Patt no dem naturverbonnenen Vëtour och nit gefeelt an dorobber higewissen, fir all gefuerne Kilometer opzeschréiwen, fir zum Schluss vun der Aktioun eng Chance ze hun, fir och en Präis können ze gewannen. (CR) (Fotoen: Charles Reiser)