Ënnerstëtzung fir den Office social Réimech a Mondorf

Scho fir déi véierte Kéier gouf d‘Adventsaktioun 2025 „Den Ëmgedréinten Adventskalenner“ an der Par Dräilännereck Musel a Ganer Saint-Nicolas oganiséiert, bäi däer Kleeder, Liewensmëttel an Done gesammelt gi sinn. Dobäi sinn 10.980.- € zesummekomm.

De materiellen a finanziellen Erléis gouf gläichméisseg op den Office social Munneref-Duelem an den Office social Réimech opgedeelt.

D’Adventsaktioun gouf vu „Les Amis de Saint-Nicolas“ op d’Been gestallt, mat der Ënnerstëtzung vun den Oeuvres Paroissiales Schengen, Parkierch Réimech, Gemeng Mondorf-les-Bains a vu private Leit. Och d’Stärenaktioun an de verschiddene Kierchen huet zum Erfolleg bäigedro.

De Paschtouer Daniel Graul huet ervirgehuew, datt et de Leit an eiser Par wichteg ass lokal Sozialaktiounen z’ënnerstëtzen.

Mat enger Agape a flottem Austausch gouf d’Adventsaktion 2025 ofgeschloss, an der Gewëssheet op eng nei Editioun am Advent 2026 !

More news by Par Dräilännereck Musel-Ganer St-Nicolas >