Scheckiwwerreechung

Mat grousser Freed konnten d’Membere vun der Équipe pastorale, den Oeuvres paroissiales de la Commune de Schengen a vum Parrot vun der Par Dräilännereck Musel a Ganer St-Nicolas e Scheck vun 3570 Euro un d’Vertrieder vum Office social commun Remich a Mondorf iwwerreechen.

Dës Sue stamen aus der Adventsaktioun 2022 „Den ëmgedréinten Adventskalenner“, un där sech ganz vill Leit aus der Par bedeelegt haten an déi e schéine Succès kannt huet.

Méi wéi 70 Päck konnten u manner bemëttelt Familljen an eenzel Persounen aus eiser Par iwerreecht ginn an hunn hinnen esou d’Chrëschtfest verschéinert.

Mee och duerch d’Stärenaktioun, Gebeessverkaf a generéis Donen gouf dee Projet finanziell ënnerstëtzt.

Am Laf vun dëser sympathescher Feier sinn och vill Iwwerleeungen fir d’Zukunft ausgetosch ginn.

Foto © Marc Urhausen

More news by Par Dräilännereck Musel-Ganer St-Nicolas >