Scheckiwwerreechung

An der Par Dräilännereck Musel a Ganer hat déi zweet Editioun vun der Kollekt fir den Office social Munneref-Duelem a Réimech ee groußen Erfolleg. 5500 Euro konnten iwwerreecht ginn. Un dëser Aktioun waren déi nei gegrënnten „Les Amis de Saint-Nicolas“, de Pastoralrot, d’Oeuvre paroissiale Schengen, d’Massendénger aus der Par, a privat Leit bedeelegt. D’Stärenaktioun an de Kierchen am Advent huet zum Erfolleg bäigedro. Villmols Merci och fir déi vill Kleeder- a Liewensmëttelpäck!

More news by Par Dräilännereck Musel-Ganer St-Nicolas >