Eng kloer Sprooch an der Gemeng Péiteng!

Wuertlaut

Léif Biergerinnen a Bierger aus der Gemeng Péiteng,

E klenge Réckbléck an eis Geschicht weist eis, dass Péiteng e wierklechen Ëmbroch erlieft huet. Eis Gemeng ass bekannt fir hier industriell Entwécklung, e Symbol vun der Eisenierzindustrie an dem Schinneverkéier, eng Heemecht besonnesch vun Aarbechterkanner, deenen hire Elteren a Grousselteren vill a schwéier geschafft hunn, fir dës positiv Entwécklung. Woren am Joer 1908 nëmme wéineg dausend Awunner hei, sou kënne mir spéitstens haut, offiziellen Zuelen aus dem Joer 2009 no, vu schonns 15.688 Leit schwätzen. An deenen 15.688 Leit muss een als Politiker gerecht ginn. Eisen CSV-DP Schäfferot a gréisstendeels schwaarz-rout gefierfte Gemengerot, sinn dëser Aufgab net nokoum an hunn de Wielerwëllen mëssuecht.

Besonnesch eng verfehlte Politik vun der CSV ass Schold um dekadenten Zoustand vun eiser Gemeng. Dobäi goufe si vum Wieler bei de leschte Kommunalwahlen 2005 mat ganzer 41,94 % gestëmmt a joerelaang stelle si och hei de Buergermeeschter. Eng verfeelt Politik déi Problemer geschafen huet, a wou mir als adr net länger nokucke wëllen. Déi geschafe Problemer mussen Léisungen zougefouert ginn, dofir wëlle mir eng kloer Sprooch zu Péiteng schwätzen. Mir hunn ons dowéinst 5 Haaptprioritéite gesat a wëllen Iech iwwert ons drëtt Ausgab vum Pefferkär onsere Wahlprogramm an ons siwwenzéng motivéiert Kandidate virstellen.

Schwäerzt de 9. Oktober 2011 d’Lëscht 5 a maacht d'Bunn fräi fir d'ADR!

Mir hoffe ganz déif op Är Ënnerstëtzung an Äert Vertrauen!

Joe Thein
Sekretär adr-Sektioun Kordall