Péiteng: Flüchtlinge bei der Schoul ?


Stellungnahm zum Artikel op MyWort.lu

Ouni eng éierlech Informatioun goufen d’Péitenger Awunner virun e „fait accompli“ gesat: déi al Containersgebaier, déi ursprénglech e Bestanddeel vum Lycée Technique Mathias Adam waren, sollen elo als Wunnenge fir Flüchtlingen déngen. Déi Responsabel vun der Gemeng Péiteng däerfe sech net verwonneren iwwer eng gewëssen Opreegung ënnert de Bierger, och well den Accueil vu Flüchtlingen absichtlech net ze den Informatiounen an Theme vun der Gemengewahl gehéiert huet.

D'ADR steet voll a ganz hannert dem Prinzip, datt Leit, déi ob Grond vun der Genfer Mënscherechtskonventioun als Flüchtlingen ugesi sinn, Schutz zu Lëtzebuerg fannen. Fir dëst ze garantéiere mussen awer an der Flüchtlingspolitik déi richteg Entscheedunge geholl ginn, an d'ADR fuerdert zanter dem Fréijoer en décidéiert Handele géint den Asyltourismus.

An engem nationale Pressecommuniqué vum März 2011, huet d'ADR hir Haltung kloer definéiert: Serbien an aner Länner aus dem Balkan, deenen hir Bierger kee Visa méi brauche fir op Lëtzebuerg ze kommen, hätte misse vill éischter als „pays d’origine sûr“ gefouert ginn; de „Centre de rétention um Findel“ muss déi néideg Strukturen hunn a kréien, fir déi Leit während hirem Asylverfahren, ënner ze bréngen; fir all d’Demanden aus engem „séchere Land“ muss d'„Procédure accélérée“ effektiv applizéiert ginn.

Wëll d'Regierung net mat Zäit reagéiert huet stellen sech elo ganz essentiell Froen, vun den humanitären Ëmstänn beim Ënnerbrénge vu Flüchtlinge bis zur Sécherheet vun der concernéierter Populatioun. Déi Leidtragend vun dëser Politik, am Fall Containere vum Lycée Mathias Adam, si näämlech zugläich déi Péitenger Awunner, wéi och d’Flüchtlinge selwer. E Flüchtlingscamp als Noper vun enger Spillschoul a Grondschoul kann do keng Adequat Äntwert sinn.

Bedaueren di mir och déi ganz Hypocrisie vun deene Gréngen, an dem Här Romain Becker seng Reaktioun op en Artikel vu Mywort.lu. Déi wichteg moralesch a politesch Aspekter déi sech an der Asylpolitik stellen, dierfen net zum Tabuthema mëssbraucht ginn.

D'ADR Sektioun Péiteng verlaangt vun de Gemengeresponsabelen an de concernéierte Ministeren eng kloer an éierlech Informatiounspolitik: wéi vill Flüchtlinge sollen an der Gemeng opgeholl ginn, fir wéi laang, a wou? Wéi a wou ginn d'Kanner vun de Flüchtlingen ageschoult ? Wat fir begleedend Moossname gi geholl? Dës Froe gehéiere mat Sécherheet zu engem éierlechen Dialog mam Bierger, déi schon am Virfeld iwwert d'Problematik hätten informéiert misse ginn.

Joe Thein
Gemengeconseiller

www.joethein.lu
www.adr.lu