Ech versiche mol un deser Platz déi Problematik vun der Umgehungsstroos kuerz duerzestellen:
Déi héich Verkehrsbelastung am Duerf as haptsächlech op den Tanktourismus zreckzeféieren den op fiskaleschen Souveränitéitsnischen berout. Dat as net onbedengt eppes wourop ech mech géing mettelfristeg verloossen. Mir hun déi läscht 3 Joer gesin mat wéi enger Vitesse sech Verännerungen um Niveau vun Staaten a Finanzen entweckelen. (z.B. Bankgeheimnis). An op der technescher Seit muss en sech froen op mer an 15 Joer nach mat Petrolprodukter am Strosseverkéier fueren.
Wann ech sou Infrastrukturen wéi eng Strooss, e Park, eng grouss a schéin Spillplaatz, e Camping oder Privat-Häiser ennert de Virbehalt vun Besoinen vum Tanktourismus (incl. Kaffi, Zigaretten an Alkohol) stellen, den mat Secherheet de Contraire vun Nohaltegkeet as, dann hun ech net am langfristegen Interessi vun der Bevölkerung agéiert. Dat as fir mech handlungsbestemmend.
Ech verstinn natiirlech déi Leit fir déi eng Umgehungsstrooss eng Erliichterung wier. Awer Nohaltegkeet heescht eben och fir sech net un sou onsecheren Zeiterscheinungen wéi dem Tanktourismus ze orientéieren.
Kuerz gesot: Mat denen Informatiounen an dem Wessen déi mer aktuell zur Verfügung stinn, ennerstetzen ech de Plang vun enger Umgehungsstroos (oder partieller Umgehungsstrooss Breck-Gare-Fina) iwwert déi aal Eisebunn net. Ech ennerstetzen all Mesure déi op der N10 zu enger Verbesserung fir d'Awunner kann féieren. Et as grondsätzlech ze hannerfroen ob den Individualverkéier a senger derzeiteger Form op Dauer zukunftsfäheg as. Ech ennerstetzen all Mesure déi zu enger Auslagerung vun denen 2 Tankstellen am Duerf bäidreet.(Obwuel dat och just eng symptomatesch Behandlung vun der Krankheet wier). Déi Mesuren stin och am Duerfentwecklungsplang wou ech an der Kommissioun matgeschafft hun.
Ech hoffen, dat ech mäi Standpunkt, an och déi Grenn déi mech dohin gefouert hun, kloer genuch gemach hun.