Ech wenschen all eis eng interessant Campagne a géing hoffen, dat mer op deser Platz eis Iddien zur Zukunft vun eiser Gemeng de Leit méi noh brengen.
Mir liewen an enger Zeit an der mer mierken, dat och eis kommunal Politik mat dem wat an der grousser Welt geschitt, verknäppt as. Sou betrefft eis z.B. de Klimawandel duerch Héichwaasser, eis Finanzen sin duerch europäesch a global Finanzpolitik betraff a mir sin z.B. och Deel vun der globaler Noutwendegkeet zum rationalen Emgang mat Energie.
Traditionell sozial Bindungen a Strukturen kommen enner Drock an eis Gesellschaft muss sech der Verännerung upassen andeems z.B. Betreiungsariichtungen fir kleng Kanner an aal Leit (maison-relais resp. CIPA) geschaafe gin well déi traditionell Familienverbänn zum groussen Deel net méi bestin.
Et gelt also an enger Zeit ze bestoen an der dat eenzegt Bestännegt de Wandel souwuel am techneschen wéi och am sozialen Bereich as.
Ech wenschen eis alleguer eng glecklech Hand wa mer versichen d'Aufgaben vun der Zukunft an Ugreff ze huelen.