Den 22. Mäerz huet d'Fanfare Sandweiler op hiren traditionellen Galaconcert invitéiert. Dëst Joer stoung dëse Concert mam Titel "Sax & beyond" ganz ënnert dem Thema Saxofon. Als Solist vum Owend konnt de Publikum den Ulric Berg mat engem Saxofon Kontrabass bewonneren. Dëst Instrument gëtt et just 13 mol op der Welt. Nieft dësem aussergewéinlechen Instrument krut de Publikum awer och den neien Dirigent, Christian Debauve virgestallt an och bei hirer Jugendmusek huet de Rafael Pinto Martins de Bengel vum Mil Muller iwwerholl. Mat 2 neien Dirigenten un der Spëtzt vun hiren 2 Orchestere freet sech d'Fanfare Sandweiler schonn op déi nächst musikalesch Highlights am Hierscht.