Wantergala vun der Fanfare Sandweiler

De 25. November huet d'Sandweiler Musek hieren traditionnellen Wantergala présentéiert. Um Programm stoungen wierker fir Harmonieorchester wéi z.B. Noah's Ark a Cassiopeia. Am 2. Deel vum Concert krut de Publikum e flotte Concert vun der Garnisounsmusek gebueden befir déi 2 Orchesteren ennert der Leedung vum Chris Schleck dem Publikum e flott Krëschtsteck offréiert huet.

No desem flotten Evenement prouft d'Jugendmusek scho fläissech fir hiere Jugendgala deen sie zesummen mat der Monnerecher Jugendmusek den 13. Januar zu Sandweiler am Centre Culturel zum beschten gin.