Sandweiler Jugendmusek um Stage zu Befort

Vum 5.-8. November war d'Sandweiler Jugendmusek op Befort an d'Jugendherberge fir hiere neie Programm an ze prouwen. Betreit goufen déi 22 Jonk vun engem Staff vu Musikannten aus der "grousser" Musek; Jean-Paul Roeder (Klarinetten), Chris Nothum (Flütten), Chris Schleck a Rafael Pinto Martins (Blech), Bjarne Louis a Mil Muller (Percussioun) souwéi Carole Geimer, Chris Peiffer, Claudine Schleck, Ronny Warnier a Manon Wolff (Animatioun).
Als Ofschloss vun desem Stage huet d'Jugendmusek e Concert an der Sandweiler Kierch zum beschte gin.