Sandweiler Jugendmusek zu Dikkrech op der Cavalcade

D'Sandweiler Jugendmusek war fir déi éischte Kéier um Fuessonndeg bei der Cavalcade zu Dikkrech dobei. Déi 30 jonk an besse manner jonk Musikannten konnten mat flotte Melodien vun enner aanerem den Höhner d'Fuesgecken an de Strossen vun Dikkrech begeeschteren.
No desem flotten Evenement steet elo erem mam Galaconcert den 19. März déi nächst gréisser Aktivitéit déi vill Prouwen verlangt am Kalenner vun der Fanfare Sandweiler an hierer Jugend.