Lënster a Sandweiler Jugendmuseken um Gardasee

Ufank September sinn d'Jugendmuseken vu Jonglënster a Sandweiler zesummen op Peschiera del Garda an Italien gefuer.

Direkt den éischten Owend hun déi 40 jonk Musiker e flotte Concert zu Peschiera zum beschte gin.

Um 2. Dag stoung eng kleng Bootsfahrt vu Malcesine op Limone sul Garda um Programm. Duerch den héiche Wellegang huet des Bootsfahrt éischter enger Wildwasserbahn geglach.

Den Dag dono konnten déi jonk sech an engem vun de gréisste Fräizäitparken aus Europa, dem Gardaland, dem Adrenalin op deenen villen Achterbunnen stellen.

Den 3. a leschten Dag virun der Heemrees gouf déi flott Staat Verona mat hiere ville Geschäfter a Sehenswürdechkeeten besicht.

No engem flotten gemeinsamen Owend op enger schéiner Terrasse goung ett den Dag dono mat engem klenge Stopp zu Luzern nees zereck op Lëtzebuerg.