50 Joer Schëtter Jongbléiser & UGDA Museksschoul

50 Joer Schëtter Jongbléiser a Schëtter UGDA-Museksschoul

Dëst Joer steet de 50. Gebuertsdag vun de Schëtter Jongbléiser a vun der Schëtter UGDA-Museksschoul am Kalenner.

Aus dësem Grond gouf den 16. Mäerz 2019 am Centre Culturel zu Mënsbech grëndlech gefeiert.

De President vun der Schëtter Musek war houfreg fir den Här Gilles Lacour, Vertrieder vum entschëllegten Educatiounsminister, den Här Paul Scholer, Direkter vun der UGDA-Museksschoul, den Här Claude Marson, Schäffen a Vertrieder vum Buergermeeschter an och d’Vertrieder vun der Gemeng Schëtter ze begréissen an engem volle Sall Merci ze soen.

D’Geschicht vun de Schëtter Jongbléiser an der UGDA Musekschoul sou wéi d’Wichtegkeet vun der Jugendaarbecht gouf vun all de Festriedner ënnerstrach.

Eng ronn 200 Gebuertsdagsgäscht hunn e flotten a faarwegen Owend materlieft.

Um Programm stoung e Concert vun de Jongbléiser vun 2019 ënnert der Direktioun vum Romain Kerschen an dëst deelweis mat der Participatioun vu Solfège- a Gesanksschüler aus der Schëtter Museksschoul.

En Orchester aus 35 fréieren Jongbléiser huet ënner der Direktioun vum Jean-Luc Blasius (Fréier Dirigent vun de Jongbléiser) gespillt a fir Stëmmung gesuergt.

Duerno gouf de Gebuertsdagskuch opgeschnidden an et gouf gefeiert. Et war fir vill eng Geleeënheet fir sech erëmzegesinn, ze feieren an al Anekdoten auszetauschen.

An enger flotter Fotosausttellung goufen Biller an Erënnerungen iwwer 50 Joer Schëtter Jongbléiser gewisen.

De 18. Mee 2019 dierf nach emol bei Geleeënheet vum Galaconcert vun der Schëtter Musek a Jongbléiser gefeiert ginn. Den Ofschloss vum 50. Gebuertsdag ass dann de 17. November 2019 mat engem Concert vun e puer Jugendmuseken aus der Géigend.

Text : Jean-Paul Schaul

Photo: Photoclub Schëtter