Ausfluch vun der Quetschenéquipe vun der Schëttermusek

Dëst Joer war d’Quetschenéquipe vun der Schëttermusek hiren Ausfluch an dat klengsten Duerf hei am Lëtzebuerger Land maachen: op Randschelt. Dës eenzegaarteg Uertschaft besteet just aus enger Kierch, enger aler Schoul, engem onbewunnte Bauerenhaff, an deem e Musée Rural ënnerbruecht ass, an dem Paschtoueschhaus. Deen eenzegen Awunner ass de Paschtouer Adolphe Goffin, dee sech ëm Bëschrued, Gréiwels, Heeschpelt, Kéiber, Randschelt a Wal këmmert. D'Randschelter Kierch gouf schonn 1437 gebaut an huet ee vun de schéinste Freskenensembelen aus dem 15. a 16. Joerhonnert Opweises. Am Musée Rural Thillenvogtei krute sie villes vu fréier gewisen an déi meescht konnten sech nach dorun erënneren. Och e Brout gouf gebak an als Souvenir mat heem geholl. Am Restaurant MiRo niewendrun gouf et Ham, Fritten an Zalot an nom Dessert ass et erëm zréck op Schëtter gaangen.