D'Schëtter Musek mécht Quetschekraut

Während 10 Deeg gëtt zu Schëtter vu moies bis owes Quetschekraut gekacht, nom traditionnelle lëtzebuerger Rezept am Kofferkessel. Dës flott Aktivivitéit fir d'Duerfliewen bréngt d'Awwunner zesummen. All Dag sinn iwwer 25 Leit, Musikanten an hir Familien, mee och vill Frënn vun der Schëtter Musek bedeelegt. Aarbecht gëtt et genuch: Quetschen opmaachen, sech em d'Feier këmmeren, Quetschekrat kachen an afëllen.

Dir sidd häerzlech invitéiert, bei eis laanscht ze kommen an déi aus frëschen, zeidege Quetsche gekachte Spezialitéit ze kafen. Verkaaft gëtt all Dag tëschent dem 27. August an dem 3. September 2017 vu 7h00 bis 19h00 Auer an eisem Museksbau zu Schëtter (115, rue Principale).