Traditionnellen Chrëschtconcert vum Schëtter Gesank fällt dëst Joer leider aus!

Chorale Ste Cécile Schuttrange - Schëtter Gesank

De Schëtter Gesank bedauert, dass dëst Joer den traditionnellen Chrëschtconcert wéinst Emstrukturéierung ausfällt.

D’Sängerinnen an d’Sänger vum Schëtter Gesank gin iech awer elo schon Rendez- vous fir e grousse Concert ënnert der Direktioun vum John Rodenbour an der Schëtter Kierch, Sonndes de 15. Mee 2011, an fir den traditionnellen Chrëschtconcert, Sonndes den 11. Dezember 2011 am Centre Culturel zu Minsbech.

Wéi vill aner Veräiner brauch och de Schëtter Gesank Verstäerkung an den eenzelne Stëmmen (Sopran, Alt, Tenor, Bass). Bestëmmt „verstoppen“ sech an eiser Gemeng vill gutt Stëmmen, déi dozou bäidroe kënnten, d’Gesangkultur positiv ze stärken zur Freed vun alle Bierger. Si si vun Häerze wëllkomm an eiser Mëtt.

D’Prouwen, ënner der Direktioun vum Interims-Dirigent John Rodenbour fannen am Prouwsall zu Minsbech , 167 rue Principale, all Freideg vun 20.00 bis 22.00 Auer statt !