2. Marche gourmande um Bann zu Schwéidsbéng

Ënner dem Motto "Wäi, Wëngerten, Weieren" huet de Veräin vum Schwéidsbenger Wäifescht de leschte Weekend hier 2. "Marche gourmande" organiséiert.
An de Succès wor nach eng Kéier mir grouss ewéi d'Lescht Joër. Eng 150 Leit, grouss a kléng, jonk an al, alles Frënn vun der Musel an vum Wäin, haaten sech fir den Départ zu Schwéidsbéng am Augustinshaus afonnt.
No engem kuerzen Stéck duerch daat schéint Museldierfchen ass en dann erop gangen an d'Wéngerten op en insgesammt 6 Kilometer laangen Tour.
Iwwer Kolteschbierg, Héiberg, hanner Fëls, Fëlsberg, Hofëls a Lëtschberg nees Richtung Pitert zeréck an d'Augustinshaus.
Um Trajet woren 3 Statiounen wou d'Muselfrënn 4 Wäiner, 2 Crémant'en an natierlech kléng herrlëch Spezialitéiten fir de kléngen Honger ugebueden kritt hunn.
Et wor, wann och bei killen Temperaturen, e besonnescht Erliefnis déi herrlech Miseler Produkter an der wonnerschéiner Landschaft ronderëm Schwéidsbéng am Schengener Eck genéissen ze kënnen.
Den Ofschloss vun deem insgesamzt flotten Dag an de Wéngerten, mat Frënn a Famill, huet e deftegt Mëttesiessen vum Grill an de Räimlechkeeten vum Augustinshaus gemaat.