Ofschloss vum 58. Wäifescht zu Schwéidsbengen


De läschte Freideg hun d´Membere vum „Wäifescht Schwéidsbengen asbl“ den Ofschloss vun hirem 58. Wäifescht gefaiert. No engem Rëckblëck op d´Schwéidsbenger Kirmes – dat as den Dag op dem d´Wäifescht all Joërs ofgehale gëtt – gouf den Oflaaf kurz analyséiert a gekuckt wou een d´nächst Joër nach eppes verbessere kann. D´Memberen sollen sech och scho Gedanke machen wei dat 60. Wäifescht d´iwwernächst Joër erviirgestrach ka gin, huet de Präsident Charel Urbany gemengt.
Duerno gouf bei enger klenger Stärkung nach weiderdiskutéiert.

Méi iwer Schwéidsbengen an d´Wäifescht fannt dir ënner: „ http://www.waifescht.org „