Ausstellung vum Edith Burggraff am Kader vum Schwéidsbenger Wäifescht

E Freideg den 2. September wor de Vernissage vun der Konschtausstellung vum Edith Burggraff, daat am Kader vum 59. Schwéidsbénger Wäifescht.
De President vum Wäifescht, den Charel Urbany, konnt vill Konschtfrënn begréissen, dorënner eng Reih Éieregäscht aus Politik a Gesellschaft. Hien huet sech ganz zefridden gewisen iwwer de groussen Uklang vun der Ausstellung, a huet sech och e grousse Erfolleg fir d'Wäifescht vun dësem Weekend gewënscht.
De Buergermeeschter vu Welleschten, de France Hemmen, huet den Organisatoren vum Wäifescht gratuléiert fir hier Ausdauer an Engagement.

D'Kënschtlerin Edith Burggraff weist eng Reih flott a faarwefrou Biller, mee awer och ganz interessant Skulpturen am Holz. Hier Wierker zeechnen eng vielsäuteg Kënschtlerin aus, déi säit 1981 aktiv an schon eng Reih Ausstellungen hei am Land awer och am Ausland opweisen kann.

D'Ausstellung ass nach Samsdes den 3. a Sonndes de 4. September, vun 14:00 bis 19:00 Auer, am Augustinshaus (73 route du Vin) zu Schwéidsbéng ze gesinn.

De ganze Programm a weider Detailer vum Wäifescht fannt Dir am Fichier "Programm Wäifescht" ënner dësem Artikel.