25.Editioun vum Bëschdrefer Helpermaart mat den Useldénger Veteranen op Mettelalterfest Promotion Tour(8-9 Juni 2013)

Zu Bëschdref war um Päischtsonndeg nees den Helpermaart, dëst Joer scho fir d'25. Kéier.
D'Wuerzele vum Helpermaart leien am Mëttelalter, do war de Maart um Helperknapp ee vun de gréissten a wichtegsten an der Regioun.
Bei der medievaler Editioun vum Helpermaart krut een deemools Véi, awer och Duch a Léngent. Bei der moderner Editioun konnt ee bei de ronn 65 Stänn allméigleches kafen, haaptsächlech awer Produiten aus dem lokalen Handwierk.
Déi mëttelalterlech Atmosphär huet sech wéi e roude Fuedem iwwert den Helpermaart gezunn, de Jean de Hollenfels an d'Irmina vu Mamerlayen hunn d'Visiteure nämlech mat interaktive Schauspill-Performancen bei Laun gehal.

D'Wieder huet zwar och den Organisateure vum Helpermaart ze schafe gemaach, mä et haten awer nach genuch Virwëtzeger de Wee op Bëschdref fonnt. Di ganz motivéiert hu souguer beim 5 Kilometer laangen Trëppeltour ronderëm den Helperknapp matgemaach.