Concert Swingin' Castle - Summer Edition 23.07.2021

No bal 18 Méint nom leschte Concert huet The Northern Big Band erem däerfen e Concert spillen. Dëse gouf an der schéiner Coulisse vun der Useldénger Buerg ënnert den Oplagen vum Covidcheck gespillt. Op engem schéine Summerowend stung erem Swing- an Jazzmusek aus den 30eger bis 80eger Joeren um Programm an och eis Sängerin Christine Heitz konnt déi iwwer 100 Nolauschterer matt hierem Repertoire begeeschteren. Fir den Honger an den Duuscht huet de Club des Jeunes vun Useldéng gesuergt. De nächste Concert vun der Big Band ass de 4. September um Kiwani's History Vehicles Festival zu Lasauvage.