We swing, you dance Edition 2

We swing, you dance. Dat war erëm de Motto vum zweeten "Swingin' Castle" e Samschdeg, den 9. November am gutt gefëllte Centre Culturel zu Useldeng. Bei klassescher Big Band Musek an engem gudde Maufel z'iessen an ze drénken, konnt een net nëmmen de Soliste Raoul CHRISTOPHE (Trompette) a Christine HEITZ alias Krick (Gesang) nolauschteren, mee och den Dänzer vun "Swing Dance Luxembourg" nokucken. Beim Nokucke sollt et awer net bleiwen, well an der Paus gouf et eng Aféierung an d'Grondschrëtter vum "Lindyhop", deen op Swingmusek aus den drësseger Jore gedanzt gëtt. Vill Leit hunn interesséiert matgemaach. Dono war et nach emol un der Big Band ronderëm hire Bandleader Théo PESSERS, déi vum Publikum mat dräi Zugaben, inklusiv dem obligatoreschen "In the Mood" fir hir Performance belount goufen. Als Ofschloss hunn d'Dänzer d'Leit nach mat eng flotter Choreographie ënnerhalen. Enger drëtter Editioun am November 2020 dierft deemno näischt méi am Wee stoen.

(Haaptfoto: NBB; déi aner Fotoen: Jean Gaspar)