Useldeng: Et gehéiert schon zënter Joeren zur schéiner Traditioun beim Senioreforum Useldeng, fir hir Jubilaren am Kader vun hirer Generalversammlung mat engem Kaddo als Unerkennung, ze éieren. Folgend Geburtsdagskanner hun gratuléiert kritt: fir 85 Joer: Hilda Muller- Becker, Fernande Freylinger, Margot Barthel- Reckinger, Helga Weber- Massonet a Odile Frank-Tobes. Fir 80 Joer: Juliette Origer- Bertholet, Jeannot Meyers, Paul Linckels-Winandy, Andrée Glesener- Leytem a Josée Losch- Hamen. Fir 75 Joer: Cécile Heck, Marguy Reichert-Bodeving, Triny Laroche, Marie-Louise Kries- Welter, Liliane Schneider- Schmit a Annie Linster- Rasqué. Fir 70 Joer: Chantal Schaul- Thein. Fir 90 Joer: Madeleine Nierenhausen- Kremer, Joseph Kleer, Denise Goedert- Knops, Marthe Kleer - Meyers, Alice Feinen- Jacoby, Théophile Schroeder a Oga Thimmesch- Bannella. Diejéinig Jubilaren, déi bei der Versammlung nit konnten derbéi sin, ass och ganz häerzlich gratuléiert gin. (CR) (Foto: Charles Reiser)