Useldange --> Pedro da Silva (genannt Pierre): Eise Kandidat bei de Komplementar-Wahlen fir den 25.März 2012

CSV Useldeng

Mat kloerem Blëck no vir

Eise Kandidat bei de Komplementar-Wahlen fir de näxten Sonndeg:

Pedro da Silva (genannt Pierre):
-----------------------------------------
1978 gebuer a Portugal, zënter 1980 zu Lëtzebuerg
Bestued, 2 Kanner am Alter vun 8 an 3 Joer
Wunnt zënter bal 10 Joer an der Gemeng Useldeng
Schafft als Techniker bei der Post

Politesch a sozial Engagementer:
------------------------------------------
Member vun der CSV-Sektioun Useldeng
Member vun der LCGB-Sektioun Attert
President vun der LCGB-Sektioun P&T Luxembourg
LCGB-Sécherheetsdelegéierten bei der P&T Luxembourg
Member vun der Personaldelegatioun bei der P&T Luxembourg
Member vun der LCGB-Fédératioun Ëffentlechen Déngscht

De Pierre setzt sech an fir sozialpolitesch Sujets déi eis alleguer concernéieren: Gesondheets- an Pensiounsreform, Jugendchômage, Budgetsdiskussiounen, etc.

Och an der Gemengepolitik gin et vill Sujets déi d’Bierger direkt betreffen:
---------------------------------------------------------------------------------------------
Een vun de wichtigsten Projets fir d'Zukunft ass e multifunktionalt Gebäi fir den techneschen Dengscht vun der Gemeng an eis Pompjeeën, ouni ze vergiessen e neien Proufsall fir eis Muséksgesellschaft.

Realistësch Energiekonzepter, qui tiennent la route, brauche mir onbedengt an der ganzer Gemeng.

An en öffentlechen Transport, deen de Bierger encouragéiert, matzefouren.

No der Ennerschrëft vum Pacte logement ufanks Februar 2012, muss lo Prioriteit sin, fir een nohhaltige Wunnengsbau Perspektiven aus ze schaafen.

Gemeinsam Aktivitéiten vun der Maison Relais an dem Seniorenforum solle stimuleiert gin fir esou déi jonk an eeler Generatioun méi no zesummen ze brengen.

Fräizäitaktivitéiten:
-----------------------
Famill / Musék (Guitar, Bass, Batterie) / Sport / Wanderung / Natur / Frëndschaften pflegen.

Wander- a Velosweeher an eiser Gemeng sollen eng Realiteit gin an och déi lokal Sektiounen, Sport- an Jugendkommissioun, solle weiderhin ennerstetzt gin.

De näxten Sonndeg wiele mir zu Useldeng den CSV-Mann

Pedro da Silva (genannt Pierre)

fir weider Informatiounen, rufft mir un um Telefon 621 249964 oder per mail dape@pt.lu