Grouss Botz zu Viichten

26
Mar
2023
26 Mar

De leschte Samschde war zu Viichten erëm "Grouss Botz" ugesot. 35 Persounen, grouss a kleng, jonk an eeler, an och de Buergermeeschter mat sengen zwee Schäffen hunn sech beim Gemengenatelier getraff fir mat ze maachen.

Och d'Sara vun Diddeleng huet sech mat senger Viichter Frëndin getraff a matgaangen. Déi zwee plangen e Kraidertour an hu vun der Geleeënheet profitéiert fir ze kucke wéi eng Kraiderplanze ronderëm Viichten ze fanne sinn.

Am grousse Ganzen ass manner Dréck ewéi déi lescht Jore fonnt ginn an awer; op Schratt an Tratt Hondsdrecker obscho gratis Tute verdeelt ginn!

No engem flotte Spadséiere mat Gläichgesënnten huet d'Gemeng e Patt a Gegrills spendéiert.

Merci villmools

Fräns Siebenaler