Ronne Gebuertsdag

Konveniat vun de Joergäng 1952-53 vun der Primärschoul Belair

​Viru kuerzem hunn sech d'Frëndinnen erëmgesi fir zesummen hire ronne Gebuertsdag ze feieren.

Bei engem gudden Iessen am "Restaurant Cavalli" zu Dummeldeng hunn si e flotten Owend verbruecht a schéi Liewenserënnerungen ausgetosch.

D'Zäit ass verflunn an d'Marion hat déi flott Iddi fir eng "WatsApp" Grupp an-zeriichte fir Fotoen ze deelen.

Merci villmools jidderengem fir déi flott Fotoe vu fréier.

Georgette