Journée de l’Histoire locale zu Viichten

D’Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn hu sech mat Les Amis du Prieuré d’Useldange zesummegesat fir, déi 9. Oplo vun der Journée de l’Histoire locale ze organiséieren. Ganz vill Interesséierter haten dës Invitatioun ugeholl a si sinn net enttäuscht ginn.

Verschidde Muséeën, Auteuren, Genealogen a Vertrieder vu lokale Geschichtsveräiner haten hir Dëscher a Panneauen opgeriicht fir dem Publikum Ried an Äntwert ze stoen. De Sënn vun esou enger Initiativ ass primär natierlech den Austausch tëscht de lokale Geschichtsintresséierten, déi zefridden a mat munch neien Erkenntnisser heemgaange sinn. Awer och fir eis Sammler vu rarer Luxemburgensia, vu Mënzen, Postkaarten a Vue vun eisen Uertschafte war den Dësch räichhalteg gedeckt.

A Nomëtteg hunn 3 Conferencieren e grousse Publikum ugezunnen: d’Stephie Reichert huet een interessanten Abléck an d’Useldinger Klouschterliewe virun 900 Joer ginn. De Benoît Niederkorn huet d’Roll vun den däitsche Krichsgefaangenen am Neesopbau vu Lëtzebuerg erkläert an den André Bauler ass 175 Joer zréckgaange bei de Kinnek Wëllem ll. an huet iwwert d’Ufäng vun der parlamentarescher Demokratie am Joer 1848 geschwat.

Bei dëser Geleeënheet hunn déi Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn och hir neiste Broschür virgestallt mat Artikelen iwwert réimesch Fondstécker a Mënzen, iwwert de séilege Péiter vun Useldeng, iwwert déi Viichter an déi Béiwener (Atert) Kierch, iwwert al Fotoen, een aalt Haus an de Wäschbuer vu Viichten, iwwert dem Aloyse Bissen seng Erënnerungen u Musek a Gesank an nach weider Sujeten.

Wann dir drun interesséiert sidd, dës Broschür geschéckt ze kréien, dann iwwerweist wgl 24,00 € op de Kont vun de Viichter Geschichtsfrënn: CCRALULL LU03 0090 0000 7423 4436 mam Vermierk: Broschür 20.

Zum Schluss e passend Zitat vum Helmut Kohl: Wer die Vergangenheit nicht kennt, kann die Gegenwart nicht verstehen und die Zukunft nicht gestalten.