Kommiounskanner vu Viichten spende fir ASA asbl.

E Stéck vun hirem Gléck ofgi wollten d’Kommiounskanner 2019 vu Viichten. Si hunn drop verzicht sech géigesäiteg Kaddoen ze maachen an hunn amplaz Sue gesammelt. Sou konnten si am Kader vum Chrëschtmaart zu Viichten déi stolz Zomm vu 600 Euro un d’ Madame Nelly Nash vun der ASA asbl, Amicale vun der Schoul fir Assistenzhënn, iwwerreechen. Bei enger klenger Virféierung konnten d’Kanner sech op der Plaz ee Bild vun den Talenter vun zwee Assistenzhënn maachen.Fir de Kanner MERCI ze soen, huet d’Madame Nash versprach, d’Kanner mat hirem Hond an der Schoul ze besichen. Fotoe: Fräns, Text: Conny