KICKERTOURNOI / Tournoi de Baby-Foot

18
Jun
2023
18 Jun

Spill a Spaass.


Hues du Loscht mol erëm Kicker ze spillen.


Den 18. Juni 2023 organiséiert den aktiv Viichten säin 3ten KICKERTOURNOI zu Viichten an der Sportshal.


Mell dech un mat enger Equipe vun 2 Leit, op „aktiv.viichten@yahoo.com


Wei um Flyer geschriwwen, hunn mir eng Iwwerraschung. Et ass schonns derwäert laanscht ze kommen.


De ganzen Dag steet een Sprangschlass, een Gräifaarm an een Flieger an der Hal fir déi méi kleng.


Fir iessen an drénken ass natierlech och gesuergt.


Weider Informatioune fannt dir op dem Flyer oder op: aktiv-viichten.lu