7. Journée de l’histoire locale zu Viichten an der Hal

Viichten: Viru kuerzem haten d’Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn op déi 7. Oplo vun der Journée de l’histoire locale agelueden a vill Leit waren dëser Invitatioun nokomm.

Eng éischte Kéier war dës Manifestatioun zu Viichten an der Sportshal an dës Raimlechkeeten hu sech gutt gëeegent fir déi 24 Aussteller ze empfänken. Sou hate verschidde Muséeën (d‘Frënn vun der Lee vu Maarteleng, de General Patton Memorial Museum vun Ettelbréck, Industriegeschicht vu Lëtzebuerg, d’Mille vu Bekerich, de Musée brassicole des deux Luxembourg, de Policemusée vum Verluerekascht an d’Thillevogtei vu Randschleid/Wal), Veräiner (Geschichtsfrënn vun Ell a vu Mäerzeg a Viichten, de Syndicat d’Initiative vun Useldeng a Quo vadis Käerch), Sammler ( de Fernand Gonderinger mat senge Fotoen, de Pascal Petitjean mat sengen ale Motoren an de Guy Biver mat senger chinesescher Keramik), Ahnenforscher (Luxroots an de Carlo Parries), Verkeefer vun alen an neie lëtzebuerger Bicher a Postkaarten (Antik Troja, Robert Gedink, Edouard Jegen, Mil Goerens ) a (Konscht-) Handwierker (den Atelier de restauration vum Laura di Mola an d’Entreprise Mola vun Ettelbréck, ) an Interessente vu Krichsmaterial (Kugener Serge, Marco Pavani a Romain Schmit) hir Vitrinnen, Verkafsstänn a Panneauen opgeriicht. Et konnt een sech iwwert déi verschidde Sparte vun der Lokalgeschicht informéieren an Ausstellungsobjete vun der Préhistoire bis haut bewonneren.

Am Nomëtteg huet d’Isabelle Bernard een interessante Virtrag iwwert d’Entwécklung vun de Beruffer an der Gemeng Bekerich gehal an den André Bauler ass, virun engem volle Sall, op de Spure vun den Éisterräicher zu Lëtzebuerg gewandelt.

Fläisseg Leit hunn och fir Iessen an Drénke gesuergt a sou konnt een e ganzen Dag hei verbréngen, villes entdecken, no senge Virfahre sichen, eventuell kafen a virun allem och Kontakt ophuele mat interessante Leit, déi faszinéiert si vun ale Saachen an déi eis Vergaangenheet net komplett wëlle verschwanne loossen.

(Text: Marie-Anne Goethals-Kugener, Fotoen: Fräns Siebenaler)