Cadeauen fir déi vireg Gemengepolitiker

Neijoerschreceptioun vun der Gemeng Viichten


Viichten: Viru kuerzem hat de Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Viichten, jiddereen deen 2017 op déi eng oder aner Manéier mat der Gemeng zesummegeschafft huet, als Merci op hir traditionell Neijoerschreceptioun invitéiert. Den neie Buergermeeschter Jean Colombera huet besonnesch déi Leit geéiert, déi net méi am Gemengerot derbäi sinn: Klemmer Jérome, Kugener Marco a Van Leemput Roger (Conseiller, 2011-2017), Blum Jos (Conseiller, 2011-2017 dovu 4 Joer als Schäffen), Siebenaller Romain (Conseiller, 1999-2017 dovu 9 Joer als Schäffen). Aus der Maison Relais krute folgend Leit e Cadeau: Borschette Linda (aide -éducatrice 2014-2017) a Fischer Samantha (éducatrice diplomée 2016-2017). Bei flotter Musek mam Mike Poiré a gudder Stëmmung huet duerno jiddereen sech d’Iesse gutt schmaache gelooss. (Text/Foto: Fräns Siebenaler)