d'Viichter Kanner ginn heeschen

Säit Joerzéngte liewen déi Viichter Kanner eng al lëtzebuergesch Traditioun – si ginn op Fetten Donneschdeg an d’Haiser heeschen. D’Kanner zéien dobäi verkleet vun Haus zu Haus. Si sange fir eppes Séisses oder e puer Cent ze „heeschen“. Fir dëse Brauch oprecht ze erhalen, hunn och dëst Joer d’Elterevertrieder an Zesummenaarbecht mat der Schoul, der Maison Relais a Gemeng dëse Mëtte fir d’Kanner organiséiert. An 6 Gruppen opgedeelt sinn 89 Kanner vum Précoce bis zum Cycle 4.2, ënnert Begleedung vun enger ganzer Rei vun Eltere souwéi Personal vun der Maison Relais, bei schéinem sonnege Wieder duerch d’Duerf gezunn. Als Ofschloss, fir sech ze stäerken, hunn si sech an der Sportshal bei Iessen an Drénke getraff. Do goufen déi kiloweis Séissegkeeten an de Su fir an d’Spuerkeess du gedeelt. Et ass flott dat all Joer erëm vill Kanner an Elteren sech un dëser Traditioun bedeelegen a mir soen all de Viichter Leit MERCI, déi eise Kanner d’Dier opgemaach hunn.

Text: Martine Schannel, Fotoe: Fräns Siebenaler