Gedanken u Leit déi eis Hëllef brauchen

Groussherzogsgebuertsdag zu Viichten


Nom Te Deum an der Viichter Kierch, hunn déi Viichter a Méchelbucher Awunner sech op der Plaz virum Pompjeesbau bei der Buvette an dem Grill getraff.

A senger Usprooch huet de neie Buergermeeschter Jean Colombera méi Biergerbedeelegung ugebueden, op Natur-, Ëmwelt- an Déiereschutz higewisen, de soziale Wäert vum Sport ënnerstrach, an ons all drun erënnert, dass et och zu Lëtzebuerg an och zu Viichten aarm Leit gëtt deenen et net gutt geet, déi net krankeverséchert sinn an déi op eis Hëllef ugewise sinn.

De Buergermeeschter huet dunn net mat Mercie gespuert fir d’Gemengepersonal, deem vu Maison Relais a Schoul, de Pompjeeën, alle Veräiner, alle Benevollen déi op déi eng oder aner Manéier am Déngscht vun der Gemeng geschafft hunn, a fir déi, déi e vergiess huet.

Du war et um Norbert Simon, Corps-Chef vun de Pompjeeë Medailen an Diplomer ze iwwerreechen. Bei de Jugendpompjeeë krut d’Lexy Delia d’Bronze Medail, de Mil Arendt, d’Nelly Delia, de Maxime Gloden an de Ronny Junk d’Medail am Sëlwer. Bei den aktive Pompjeeë gouf de Wagner Claude mat der Medail am Gold fir 25 Joer dekoréiert.

Den Erléis aus fräiwëllege Bäiträg fir Iessen a Gedrénks vum virrechte Joer ass als Cheque vun 1000€ u spina-bifida.lu iwwerwise ginn an zum Schluss si mir gewuer ginn, dat den Erléis vun dësem Joer un „d’Wonschkutsch“ geet, eng Organisatioun, déi schwéier kranke Leit e leschte Wonsch erfëllt.

Bei guddem awer kale Wieder huet de haarde Kär bis spéit an d’Nuecht gefeiert.

Fotoen an Text: Fräns Siebenaler