„Grouss Botz“ bei schéinem Fréijoerswieder

Viichten: Och dëst Joer hat d’Gemeng nees eng Grouss Botz vun de Feld- a Spadséierweeër organiséiert, an et hunn nawell vill Leit vun der Geleeënheet profitéiert fir en Tour iwwert d’Gewaan an d’Bëscher ze maachen, an anengems den Dreck ënnerwee opzerafen. Als Merci huet duerno d’Gemeng jiddereen op e klenge Grill invitéiert. Um Enn ware mir eis eens dat manner Dreck wéi déi Joer virdru fonnt gouf.

Fräns Siebenaler via mywort.lu