Grouss Botz op der Gewaan

Viichten: Bei ongewinnt kalem Wieder a liichtem Schnéi hunn och dëst Joer nees jonk an al, fréier a nei Viischter Jongen a Meedercher all méigleche Knascht an Dreck laanscht Stroossen a Weeër opgeraf an agesammelt. Duerno huet d'Gemeng all déi, déi matgehollef hunn op e Patt mat Gegrills invitéiert. Fräns Siebenaler