Lescht Generalversammlung vum Kiercherot Viichten

Viichten: Mat engem grousse MERCI un all bénévoll Mataarbechter déi bis elo, riets a lénks bei der Organisatioun a Verschéinerung vun de kierchlechen Aktivitéite mat Rot an Dot gehollef hunn, begréisst de President Albert Leider d’Memberen an d’Frënn vun de Kiercheréit Méchelbuch a Viichten déi an d’Versammlung komm sinn. Aus sengem décken Dossier mat mailen, Rapporten a Notizen huet de Sekretär Marc Junk dat Wichtegst mat dem sech de Comité am leschte Joer beschäftegt huet a sengem Rapport resüméiert. Am Keeserapport 2017 vum Lea Nesen iwwerweien d’Käschte fir ënner anerem, d’Isolatioun vum Kiercheplafong fir Heizungskäschten ze spueren, d’Restauratioun vun der Jousefsstatu, d’Reparatur vum Buedem bei den Niewenaltär an d’Glieseplacken op den Altär, bäi wäitem d’Recetten, mee fir dëst Joer konnt d’Lea awer e positive Budget presentéieren. De Georges Kieffer als Vertrieder vum Kiercherot Méchelbuch begréisst, dat neierdéngs all zweete Mount eng Mass zu Méchelbuch ass, a wënscht sech trotz villen Onbekannte wat d’Finanzement vum Ënnerhalt vun de Gebaier ubelaangt, eng gutt Zesummenaarbecht. Déi ganz al Parkierch vu Viichten mam romanesche Tuerm a sengem réimeschen Relief bleift Eegentum vun der Gemeng, an d’Méchelbucher Kapell geet an de Kierchefong iwwer. Am neie Kiercherot Viichten a Méchelbuch si fir Méchelbuch: Marie-Paule Peckels-Kugener, John Delia, Jos Clees, Lex Bissen, Georges Kieffer a fir Viichten: Albert Leider, Marc Junk, Lea Nesen, Josy Adam. Interessente fir an de Kiercherot kënnen sech nach gäre mellen. No de neie Bestëmmunge ka keen aus dem Gemengerot méi am Kiercherot vertruede sinn.

Text a Foto: Fräns Siebenaler