Um Wee an den CGDIS - Generalversammlung vun de Viichter Pompjeeën

Viichten: Dëser Deg huet de Corpschef Norbert Simon op e gutt gefëllte Joer 2017 zréck gekuckt.Nieft den aktive Kollege konnt hien och Pensionären, Vertrieder vun de Nopeschcorpsen, de Regionalprësident, an d’Viichter Gemeng begréissen.Ausféierlech Rapporten iwwert d’Aktivitéiten, Weiderbildungscoursen, d’Kees an d’Kontroll, d’Jugendaarbecht, de First Responder Grupp, Asätz a net zulescht de regelméissegen Übunge goufe vun de zoustännege Komiteesmembere presentéiert. Et gouw zwar Gott si Dank kee Brandasatz, duerfir awer 17 sou genannten technesch Asätz wéinst Accidenter, Harespelen a Runnen, zouenen Dir an engem Haus an engem Auto, an och e Bam an der Strooss. D‘First Responder Grupp hat 19 Asätz wou si konnten Éischt Hëllef leeschten, a berouege bis d‘Ambulanz do war. Zum Schluss huet de Corpschef a sengem Réck- an Ausbléck op 2018, de Wee an den CGDIS (Corps Grand-Ducal d‘Incendie et de Secours) aus senger Siicht beliicht, ënner aanerem déi vill Formatiounsstonnen a nach Problemer mam Funknetz ernimmt awer och, trotz Professionalismus weider un dringend noutwendeg Fräiwëllecher appeléiert fir mat ville MERCIen u jiddereen, Nopeschcorpsen a Gemeng opzehalen. Am Numm vun der Equipe huet den Bryan Weis sengersäits dem Corpschef vun alle Kollege MERCI gesot a gewënscht dat si hien nach laang als Chef behaalen.De Patrick Junker vum Regionalverband huet félicitéiert an ënner anerem déi grouss Präsenz bei allen Aktivitéiten a gutt besaate Formatiounen erausgestrach a gemengt, d‘Reform géiw keng Ännerung vun der Aarbecht vum Pompjee bedeiten. Zum Schluss huet e nach vum neie Pompjeesmusee am aale Nidderwolzer Pomjeesbau geschwaat wou et gutt weidergeet, a vill Courage gewënscht. Och de Camille Scheuren, Viichter Schäffen, huet de Pompjeeë MERCI fir hir wäertvoll Aarbecht gesot a weider Ënnerstëtzung wéi bis elo versprach. (Foto/Text: Fräns Siebenaler)