Vum 1. Juli un am CGDIS - Generalversammlung vun de Viichter Pompjeeën

Viichten: Dëser Deeg huet de Corpschef Norbert Simon op e gutt gefëllte Joer 2018 zréck gekuckt.Nieft den aktive Kollege konnt hien och Pensionären, Vertrieder vun de Nopeschcorpsen, de néien an och de fréiere Regionalpresident, an d’Viichter Gemeng begréissen. Ausféierlech Rapporten iwwer méi wéi 100 Aktivitéiten, Weiderbildungscoursen, d’Kees an d’Kontroll, d’Jugendaarbecht mat 6 Jongen an 3 Meedercher mat villen interessanten Übungen, de First Responder Grupp, d’Asätz a net zulescht 22 verschidden Übunge goufe vun de zoustännege Komiteesmembere presentéiert.

Et goufe 5 Brandasätz an 28 technesch Asätz. D’First Responder Grupp hat 10 Asätz wou si no 3 - 4 Minutten op der Plaz ware fir Éischt Hëllef ze leeschten, bis d’Ambulanz tëscht 7 an 21 Minutten nom Alarm do war. D’First Responder Weiderbildungscoursen zesumme mat Nopeschgemenge ginn elo zu Viichten ofgehalen.

D’Statutenännerung déi eestëmmeg ugeholl gouf, mécht de Wee op, fir de Wiessel vum „Corps des Sapeurs Pompiers Vichten“ an eng Amicale.

A sengem Réck- an Ausbléck huet de „Corpschef„ den Opbau vum CGDIS (Corps Grand-Ducal d’Incendie et de Secours) dee vum 01/07/2018 funktionéiert beschriwwen. Eng Partie Pompjeeën hunn d’Formatioun CCM perf a XVR gemaach fir d’Funktioun vum Chef de section iwwerhuelen ze kënnen. Fir dëst Joer goufe scho Viichter Pompjeeën a 40 verschidde Formatiounsmoduler ageschriwwen. De Funkreseau RENITA konnt duerch de Montage vun enger Antenne verbessert ginn. Duerch d’Organisatioun vun Übungen zesumme mat Nopeschzentre ginn sech positiv Resultater erwaart. Da war och nach riets vum neien Asazgefier LF10 mat Allradundriff, deen de CIS Viichten (centre d’incendie et de secours) vu Gemeng a Staat (jeeweils 50%) zur Verfügung gestallt kritt.

No ville MERCIen un de Pompjee a seng Famill, Nopeschzenteren a Gemeng an an an…, huet de Norbi dem neie Regional President Frank Schmit d’Wuert ginn, deen a senger Usprooch Neies aus dem Regional Verband matdeelt, vill Succès bei de neien Erausfuerderungen an d’Weiderbestoe vum Viichter Grupp wënscht.

De Patrick Juncker, fréiere Regionalpresident huet felicitéiert, e kuerze Réckbléck op méi wéi 30 Joer Zesummenaarbecht gemaach, an als Coordinateur «Pompjeesmusee» matgedeelt, dat 4 iwwer 60er mat 1800 benevole Stonnen an 100.000,-€ Sponsoring vu Firmaen zu Nidderwolz interessant Exponaten opgestallt hunn. De Riedner war der Meenung, dass d’Leit an der Versammlung géife wësse wat all Joer geleescht gëtt, mee d’Leit dobausse missten dat eben duerch esou e Bericht gewuer ginn.

De Jean Colombera, Viichter Buergermeeschter, ass houfreg sou eng Equipe mat Respekt, Teamgeescht a formidabeler Jugendaarbecht ze hunn, seet MERCI fir hir wäertvoll Aarbecht, mengt awer e MERCI géif net duergoen, huet weider Ënnerstëtzung versprach, hofft op eng positiv Entwécklung an dass d’Equipe weider bestoe bleift.

Zum Schluss ass als Unerkennung fir hire groussen Asaz iwwer laang Joren dem Patrick Juncker an dem Simon Norbert eng gutt gefëllte Corbeille iwwerreecht ginn.

(Foto/Text: Fräns Siebenaler)