D'Trëntenger Musek huet Fueskniet gebak

E Samschdeg, den 12. Februar 2011 huet d'Trëntenger Musek fir drëtte Kéier Fueskniet zu Waldbriedemes am Centre Culturel Jos Rennel gebak.

Moies um 5 Auer ass et schon lass gaang mat knieden an baken. Dëst Joer si ronn 150kg Deeg verschafft gin.
D'Kniet sin an de Gemengen Bous an Waldbriedemes verkaaf gin.